04.10.2021 . Logistics
RTL - Wat sinn d'Ënnerscheeder bei de Masken a wéi effikass si se?
04.10.2021 . Logistics

RTL - Wat sinn d'Ënnerscheeder bei de Masken a wéi effikass si se?

Ëmmer nees stelle verschidde Leit den Zweck an d’Effikassitéit vu Masken an aneren Zorte vun engem Mond- an Nueseschutz a Fro.

RTL huet bei Santé Services vun den Hôpitaux Robert Schuman nogefrot, wéi eng Ënnerscheeder et bei de Stoffer ginn. D’Firma zu Gaasperech produzéiert zënter September 2020 selwer EU-genormte chirurgesch Masken an an Tëschenzäit och FFP2-Masken.

Bei de chirurgesche Maske ginn et 3 Typpen, déi tëscht 95% an 98% filteren. Allerdéngs schützen dës Masken net d’Persoun, déi se unhuet, mee déi aner, well se Viren a Mikroben net no baussen erausléisst. FFP2-Masken dogéint filteren an zwou Richtungen a schützen deemno och d’Persoun, déi esou eng Mask unhuet.

Wat stoffte Masken ugeet, sou géifen och dës sécherlech dofir suergen, dass Mikroben zréckgehale ginn, allerdéngs géif et keng eenheetlech Norm fir sou Maske ginn an dofir wiere se och ganz ënnerschiddlech effikass. Bei just enger Schicht Stoff, wéi zum Beispill bei engem Buff, mierkt een allerdéngs, dass dat net immens dicht ass.

Eng Mask ass awer och just dann eng Hëllef, wann ee se richteg undeet. Hei gëllt et d’Nues an de Kënn komplett ze bedecken an opzepassen, dass néierens Lächer sinn, déi Fuitte kéinten zouloossen.

 

Read the whole article on RTL.LU.